Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette

Questionnaires

Standardiséierte Froebou

De Grondgedanke vum standardiséierte Froebou besteet doranner dem Enseignant eng Réckmeldung iwwer säi pädagogescht Handelen ze ginn. Et hëlleft him säi Kur kënnen ze optimiséieren a säin Unterrecht aus der Siicht vun engem Schüler ze gesinn. D'Schüler fëllen all deen nämmlechte Froebou aus, fir dass d'Resultater e méiglechst objektiven Iwwerbléck verschafen.

Sou ee Froebou gëtt dem Enseignant Feedback iwwer 3 verschidden Aspekter, déi nach eemol an Ennerkategorien agedeelt kenne ginn:

  1. Wat de Schüler vu Wëssen oder Kënnen aus dem Unterrecht mathëllt
  2. Wéi hien als Léierpersoun vun de Schüler betruecht gëtt
  3. Wéi d'Schüler mat senger Aart vun Unterrecht eens ginn

Sou ee Froebou kann och Usporn gi fir zesumme mat der Klass iwwer déi eenzel Resultater ze diskutéieren a sollt och an der zukünfteger Preparatioun vum Unterrecht berücksichtegt ginn. Wichteg ass, dass et net drëms geet een Enseignant ze beuerteelen, mee him Feedback zu verschiddenen Aspekter vum Unterrecht ze ginn.