Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette

Feedback non certificatif

Net zertifikative Feedback

Deemno wei ee Fach oder wei eng Klass een huet, kennt de perséinleche Feedback deen de Enseignant dem Schüler gëtt oft ze kuerz. Dee meeschte Feedback dee bei engem Schüler ukënnt, ass ënnert der Form vu Tester/Prüfungen oder andeems d'ganz Klass eng Réckmeldung kritt.

Déi meescht genannten Erklärung ass datt e perséinleche Feedback ze vill Zäit kascht an eis Klassen ze grouss dofir sinn.
Et kann een duerch ganz kleng Ännerungen an sengem Cours, de Schüler en direkte Feedback gi wou se grad dru sinn. Wann een dëst regelméisseg mécht, da léieren d'Schüler mat esou enger Réckmeldung konstruktiv ëmgoen.

E Beispill dofir ass datt een regelméisseg (z.B : all Stonn/Woch) eng kleng Aufgab opschreiwt déi d'Schüler direkt op enger „Karteikäertchen" léisen. Den Enseignant sicht direkt aus Karteikaarten di « Beschten » falsch Aufgab eraus an verschafft déi mat der Klass. Méi dozou fannt dir ënnert dem Link op di gesammelt Dokumenter.

Dëst ass dann e Feedback iwwert den Inhalt vun enger Aufgab.

Duerch kleng formativ Tester wou de Schüler léiert seng Feeler selwer ze fannen an déi direkt ze redresséieren, kann een dem Schüler awer och e Feedback iwwert säi Léierprozess ginn.

Méi zäitopwänneg an der Virbereedung ass et Aktivitéiten ze gestallte, wou een als Enseignant am Klassesall net méi den Haaptacteur ass (z.B. Gruppenaarbechten, 'Stationenlernen', differenzéiert Aufgaben). Domadder erreecht een, dass ee méi Zäit huet fir den individuelle Schüler ze betreien an fir him e Feedback ze ginn.

Uspriechpartner
Weider Dokumenter