Lycée Guillaume Kroll

Visite POST Lëtzebuerg

Den 8. Dezember waren d’Schüler vun der T3IF an der T3IF-R op eng Visite bei der POST Lëtzebuerg

Den 8. Dezember waren d’Schüler vun der T3IF an der T3IF-R op eng Visite bei der POST Lëtzebuerg, dëst am Kontext vum Module SECMA (sécurité du matériel). Bei dëser Visite haten d’Schüler d’Méiglechkeet d’Inhalter vum Cours an der Realitéit ze erliewen. Déi kompetent Erklärungen vum Här Klosen an sengen Mataarbechter hunn de Schüler kloer gemaach wat vun hinnen an Zukunft an dësem Metier erwaart gëtt an wat den aktuellen Stand vun der Technik duerstellt. Mer soen der Equipe vun der POST en grousse Merci, dass si eis des Visite erméiglecht hunn.

7516811616_IMG_1017.jpegIMG_7252.jpegIMG_7261.jpegIMG_7258.jpeg