Lycée Technique d'Esch-sur-Alzette

Visite Villa Pauly Exposition "Vergesst uns nicht - Die Kinder von Auschwitz" 05.12.2017

D'Schüler vun der T2IF2 mat hiren Enseignanten, Serge Linckels a Pierre Mousel, hunn Méinden, 5. Dezember 2017 d'Ausstellung: "Vergesst uns nicht - Die Kinder von Auschwitz" besicht

D'Schüler vun der T2IF2 mat hiren Enseignanten, Serge Linckels a Pierre Mousel, hunn Méinden, 5. Dezember 2017 d'Ausstellung: "Vergesst uns nicht - Die Kinder von Auschwitz" besicht. Hei ginn eng Réi dramatesch Schicksaler vu Mënschen dokumentéiert, déi als Kand an de KZ vun Auschwitz deportéiert goufen. Si haten d'Chance net direkt vergaast ze gi mä hu misse schaffen, sou wei all Erwuessenen. Hir d'Léiden an d'Liewen no Auschwitz gëtt an der Ausstellung dokumentéiert.

D'Ausstellung ass an der Villa Pauly an der Stad, wou d'Gestapo während dem Zweete Weltkrich hir d'Haaptquartéier hat. Hei goufen honnerte vu Lëtzebuerger dohischleeft, verhéiert an zum Deel schlëmm Mësshandelt. Eng vun de Praktike war z.B. datt all Prisonéier d'Trapp fir an de Keller erofgeheit gouf.

Hei sinn 2 Beispiller vu Schüleraarbechten:

http://www.linckels.lu/t2if2/team1/

http://www.linckels.lu/t2if2/team2/

loading images...